De #Smartwielen trëfft meng Parteipräferenz mol zimlech genee (11mol an den Top 12
MEE: D'Froen sinn éischter suboptimal, well oft ze vill spezifesch. Z.B. kann een a punkto ëffentlech Sécherheet/Uerdnung e gewëssen Handlungsbedarf gesinn, mee Kameraen a kommunal Police fir grondfalsch Approchen halen. (Méi mënschlech Präsenz ass gefrot, mee ouni Kompetenzgerangel oder Buergermeeschterallmuechtfantasien.)
Gefrot gëtt awer just no dësen zwou spezifesche Pisten an net zum generelle Sujet.
@hambier D'Froe si nët all super, an et wier interessant ze wëssen wéi déi ze wat fier enger Ponderatioun bäidroen. Dat muss nët onbedingt bei dat egent Verständnis passen.
A wann ech gesinn dass ech nët iwwert 56% match erauskommen mëscht dat d'Wiel nët grad méi einfach... zemindest as den Tool keng grouss Hëlleff.